Autorité Parentale: Reportage RTL

Autorité Parentale: Reportage RTL

Eltere getrennt Autorité parentale/Reportage Claude Zeimetz

Reportage op RTL Radio (11 mai 2016)

 

Hoffen op eng séier Ëmsetzung vu Reform Autorité parentale

Et ass e Gesetzprojet, op dee laang gewaart gouf. Um Mëttwoch stellen déi zoustänneg Ministeren der Regierung hir Reform a Saache Familljerecht vir.

Dozou gehéiert nieft déifgräifende Changementer bei de Scheedungen och eng Reform vun der Autorité parentale. Ënnert anerem d’Associatioun “Eltere getrennt” waart scho méi laang dorobber an hofft elo op eng séier Ëmsetzung.

Déi jonk Associatioun “Eltere getrennt” huet ëmmer nees drop opmierksam gemaach, wéi wichteg et ass, datt béid Elterendeeler d’Autoritéit iwwert d’Kand halen, och wa se getrennte Weeër ginn. Duerfir kann de President Romain Schroeder nëmme begréissen, datt de Prinzip vun der Autorité conjointe mam neien Text soll festgehal ginn. “Eltere getrennt” no sollt déi gemeinsam Autorité parenale onofhängeg vun den anere Reformen also méi séier ëmgesat ginn.

Et dierft net nach weider Joere gewaart ginn well u sech just  2,3 Artikelen am Code civil ze ännere sinn. Den eegestännege Riichter am Familljerecht, deen Reform och virgesäit an deen d’Associatioun iwwregens och begréisst, dierft réischt 2017, 2018 en place gesat ginn. Duerfir versicht d’Associatioun d’Magistraten ze sensibiliséieren. Dat misst awer an all Jugement stoen, datt et eng Autorité parentale conjointe gëtt. Dernieft missten och d’Rechter an d’Flichte vu béide Säiten an deem Fall rappeléiert ginn.

Op alle Fall dierft just nach an Ausnahmefäll eng Autorité parentale fir een Elterendeel geschwat ginn. Dat kéint, sou de Romain Schroeder, och zimlech wäit goen. Et kéint awer net méi sinn, datt wann d’Kommunikatioun tëscht 2 Leit net klappt, datt een dovunner déi ganz Autoritéit zougesprach kritt.

De President vun “Eltere getrennt” plädéiert och derfir, datt een net nëmmen aus enger reng juristescher Vue u Familljestreidereien erugeet, mä d’Problematik am Interessi vum Kand interdisciplinaire ugeet, also mat Psychologuen a Médiateuren zum Beispill. Bis ewell géif jiddereen awer nach ëmmer bësschen seng eegen Zëppche kachen.

Leave a Reply