Background am Gespréich vum 19. November

Background am Gespréich vum 19. November

Romain Schroeder a René Schlechter: Scheedungsgesetz

Invité am Background am Gespréich e Samschdeg sinn de President vun der asbl Eltere getrennt an de President dem Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand.

D’Reform vum Scheedungsgesetz ass dëse Samschdeg eise Sujet an der Emissioun Background am Gespréich. De Gesetzprojet gouf virum Summer an der Chamber deposéiert. Et ass eng Reform, déi laang op sech waarde gelooss huet. Eng Scheedung bedeit fir déi betraffe Koppel, fir déi ganz Famill, een déiwen Aschnëtt an hirem Liewen. Duerch d’Reform vum Scheedungsgesetz sollen d’Prozedure vereinfacht an acceleréiert ginn, virgesi sinn och Changementer am Familljerecht. Sou soll ee Familljeriichter agefouert ginn an dat gemeinsamt Suergerecht fir déi zwee Elterendeeler.

Wou ass d’Reform drun, wéi a wou kréie Betraffener gehollef a wéi steet et ëm d’Rechter vun de Kanner am Fall vun enger Scheedung? D’Reform vum Divorce ass dëse Samschdeg eise Sujet, mir schwätze mat Experten a Betraffenen, tëscht 12 an 1 Auer hei op RTL Radio Lëtzebuerg.

Explikatiounen iwwert d’Reform ginn et vun der Presidentin vun der parlamentarescher Justizkommissioun, der grénger Fraktiounschefin Viviane Loschetter. Invitéeën am Studio sinn de President vun der asbl Eltere getrennt, de Romain Schroeder an de President vum ORK, dem Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand, René Schlechter. Mir héieren een Temoignage vun engem betraffene Papp, wéi hie seng Scheedung erlieft huet a schwätze mat enger Psychologin, spezialiséiert op Familljentherapie.

http://radio.rtl.lu/emissiounen/background/977270.html

Leave a Reply