Pregno: “Familljepolitik geet an eng gutt Richtung”

Pregno: “Familljepolitik geet an eng gutt Richtung”

Den Direkter vun der Fondatioun Kannerschlass Gilbert Pregno fënnt et gutt, datt et der blo-rout-grénger Regierung net méi drëm geet just spezifesch Familljemodeller z’ënnerstëtzen. Amplaz kéinten esou d’Besoine vum Kand an de Mëttelpunkt vun der Familljepolitik gestallt ginn, sou de Psycholog. Par konter hält de Gilbert Pregno et fir problematesch, wann eng Familljepolitik reng op der Iddi vun der Onofhängegkeet, der individueller Verwierklechung an de Critèrë vum Aarbechtsmarché berout.

Och wann d’Regierung méi op Sachleeschtungen amplaz vu finanzieller Hëllef wéilt setzen, hätten d’Leit awer nach ëmmer de Choix wéi se hier Kanner wëlle betreien, sou d’Aschätzung vum Gilbert Pregno. Mam Congé Parental kéinten d’Elteren hiert Kand relativ laang zu engem Deel selwer betreien. Datt d’Regierung méi Flexibilitéit beim Congé Parental wëll erméiglechen, wier eng gutt Iddi, mee just en Ufank. Besonnesch d’Pappe misste méi derzou motivéiert ginn, effektiv een Deel vun der Kannerbetreiung z’iwwerhuelen.

Déi richteg Signaler vermësst de Gilbert Pregno am Beräich vun der Elterebildung: Et géif awer nach ëmmer eng adaptéiert Offer fehlen, fir Eltere vu klenge Kanner ze begleeden. Wann an de Crèchë Problemer festgestallt ginn, wier dacks virdru scho vill schif gelaf.

Wat déi geplangte Sproochförderung an de Betreiungsstrukturen ugeet, gesäit de Gilbert Pregno um pädagogesche Plang keng gréisser Problemer an och net wat d’Qualifikatioun vum Personal ugeet. D’Fro wier awer, ob et der Regierung geléngt d’Qualitéit vun der Betreiung och wierklech ze kontrolléieren.

Lauschtert eran op 100,7

http://www.kannerschlass.lu

Leave a Reply

Your email address will not be published.