SCAS: Félix Braz zitt Konklusiounen aus Audit

SCAS: Félix Braz zitt Konklusiounen aus Audit

Chronesch ënnerbesat, net strukturéiert a Retarden an den Dossieren vu bis zu 800 Deeg.

Weider op RTL

Den Audit iwwert de Service centrale d’assistance sociale, deen dem Parquet General ënnersteet, deen elo virgestallt gouf, huet grouss Schwaachstellen opgedeckt.

Wéi eng Konklusiounen zitt de Justizminister Felix Braz aus dem Audit? Wéi eng Changementer sinn am Gaang ëmgesat ze ginn, am Sënn och  vun enger besserer Jugendschutzpolitik? A wéi eng Roll huet dem Minister senger Meenung no d’Politik ze spillen, déi de SCAS an der Vergaangenheet vernoléissegt huet?

Dat neit Nationalitéitegesetz soll am Prinzip an der éischter Woch Februar gestëmmt ginn an dann, viraussiichtlech, den 1. Abrëll a Kraaft trieden. Fir den Ament gesäit et sou aus, wéi wann dat géif klappen, huet den zoustännege Minister en Donneschdeg de Moien gemengt.

E Mëttwoch huet d’Chamberjustizkommissioun nach 3 lescht méi kleng Amendementer ugeholl déi den UNO-Flüchtlingsrot suggeréiert hat. D’Adaptatiounen si lo beim Staatsrot. Jee nodeem wéi séier, datt deen säin Avis gëtt, kann de Rapport vum Gesetzprojet dann déi aner Woch an der Kommissioun ugeholl ginn. De Vote an der Chamber wier dann an der éischter Februarwoch, sou de Justizminister Felix Braz.

Wann een d’Resultat kuckt, da war et eng absolut richteg Decisiounen, fir en Audit iwwert de SCAS, iwwert de Service central d’assistance sociale ze maachen, sot de Felix Braz weider. D’Problemer vum Scas wiere ganz grouss a se missten dréngend behuewe ginn, ëmmerhin géif sech de Service vum Parquet général ëm fundamental wichteg Aufgaben vun eiser Gesellschaft. Den Audit, dee lo zejoert gemaach gouf, deckt Gestiounsproblemer beim SCAS op, e Manktem un interner Organisatioun en e seriéise Personalmanktem. An dat huet och seriéis Konsequenzen, well se 2 Zorten Delaien mat sech bréngen.

De SCAS huet am Ament kee gudde Ruff, huet , huet de grénge Minister confirméiert. Duerfir konnte 4 Plazen, déi ausgeschriwwe sinn bis ewell nach net besat ginn.  Erkläerten Zil vum Felix Braz ass et nawell de Service central d’assistance sociale an Zäit vun zwee Joer fundamental ze reforméieren. Déi Zäitschinn wier realistesch, sou de Minister. Ënnert der Konditioun déi néideg Leit kënnen effektiv rekrutéiert ginn.